Handbuch fir d‘Diagnostik vu Léierschwieregkeeten zu Lëtzebuerg
Handbuch mat „Best Practice“ Emfeelunge fir Diagnostik vu Léierschwieregkeeten am lëtzebuergesche Kontext En Kooperatiounsprojet tëschent dem Centre pour le Développement des apprentissages „Grande-Duchesse Maria Teresa“ an der Universitéit Lëtzebuerg. D‘Erléiere vum Liesen a Schreiwen ass zu Lëtzebuerg méi komplex ewéi a villen aneren europäesche Länner. De lëtzebuergesche Schoulsystem baut nämlech op engem méisproochege Konzept op, d. h. niewent dem Lëtzebuergesche mussen d‘Kanner vu fréi un och déi däitsch a franséisch Sprooch beherrschen. Dës Tatsaach stellt net nëmmen eng grouss Erausfuerderung fir d`Schüler selwer duer, wann ee bedenkt, dass si hir schoulesch Kompetenze wéi d‘Liesen a Schreiwen oder d‘Léise vu mathemateschen Aufgaben an enger Sprooch entwéckele mussen, déi si net doheem schwätzen. Dës komplex Sproochesituatioun äussert sech och am Handlungsfeld vun den Acteuren, déi an d`Spill kommen, wann ee Schüler Léierschwieregkeeten huet. Ass dat nämlech de Fall, muss am Kader vun engem Diagnostikprozess gekuckt ginn, wou genee d‘Schwieregkeete leien. Dëst geschitt an der Reegel ënner anerem mat Hëllef vu standardiséierte, psychologeschen Tester. Nieft Intelligenztester ginn et och eng Rei vun Tester, déi zum Beispill d`Kompetenzen am Liesen a Schreiwen oder am Rechnen ënnersichen. Doduerch dass d`Schüler hei am Land awer elo mat méi wéi enger Sprooch opwuessen, gëtt den Diagnostikprozess op … Lire la suite de Handbuch fir d‘Diagnostik vu Léierschwieregkeeten zu Lëtzebuerg
Copiez-collez cette URL dans votre site WordPress pour l’inclure
Copiez-collez ce code sur votre site pour l’y intégrer